NewsNews

chamber
19.11.2025

D’parlamentaresch Kommissioun fir Bildung, Kanner a Jugend op Besuch an der Pilotschoul Deich zu Diddeleng

Contact

Lynn Lagodny
T. (+352) 247-66430
alpha@script.lu

Contact presse : Myriam Bamberg
T. (+352) 247-85252
press@men.lu

Eng Delegatioun vun Deputéiert aus der zoustänneger Chamberkommissioun hunn den 18. November 2025 d’Pilotschoul Deich zu Diddeleng am Kader vum Projet “ALPHA – zesumme wuessen besicht.

Wärend der Visitt hunn d’Deputéiert sech e Bild vun de pedagogeschen Innovatioune gemaach, déi zanter dem Start vum Pilotprojet ëmgesat ginn. Besonnesch am Mëttelpunkt stoungen déi nei Approchen am Alphabetiséierungs- a Sproochentwécklungsunterrecht, déi dorops ausgeriicht sinn, Kanner mat verschiddene Sproochhannergrënn besser ofzehuelen.

D’Enseignanten hu konkret Beispiller aus dem Alldag gewisen an erkläert, wéi “ALPHA – zesumme wuessen” dozou bäidréit, d’Kompetenze vun de Schülerinnen a Schüler geziilt ze stäerken. D’Deputéiert hunn dobäi och de konstruktiven Austausch mat den Enseignanteë gesicht.